moien

Léif Matbierger, léif Matbiergerinnen,

Den 11ten Juni gi mir als eng Ekipp vun 10 motivéierten a kompetente Kandidaten/innen an d’Walen.

Eisen Wonsch no méi Dynamik fir d’Gemeng Waldbëlleg wëlle mir mat ärem Vertrauen an ärer Stemm ëmsetzen.

Eng laangfristeg Gemengeplanung, méi Dialog mam Bierger, eng kuerzfristeg Ëmsetzung vu Projeten – méi beweegen – dat ass eist Leitmotiv fir déi kommend sechs Joer.

Eis Schwéierpunkte fir d‘Educatioun, Infrastrukturen, Mobilitéit, Sécherheet, Waldbëlleg 2.0, Tourismus an d ‘Veräiner kënnt dir gären am aktuelle Flyer oder op eiser Homepage liesen. Et géif eis freeë wann dir iech den 11 Juni dofir géift décidéiere mat eis méi ze beweegen.

Mat ärer Stemm, mat eis méi beweegen. Fir Iech, fir d’Gemeng Waldbëlleg

Är Ekipp fir d’Gemeng Waldbëlleg